fbpx

Um ButzenHaff

Picture-6

Wëlkomm um Butzenhaff,

Eis crèche zu Bëschrued

fir kanner vu 0-4 Joer

Privatcrèche - Mir schaffen mat Chèques services.

Eis Crèche bitt eng eenzegaarteg Erfahrung

EIS DÉIEREWELT

Eis Crèche bitt en eemolegt Erliefnes, wou d’Kanner sech all Dag ëm d’Déieren vun eisem Butzenhaff këmmeren. Eis Hénger, Zwerggeessen, Kanéngercher an Huesen sinn en integralen Deel vun hirem Alldag, wat hinnen erlaabt eng staark emotional Bindung mat dëse Liewewiesen z’entwéckelen.

AM Gaart

Eng weider spannend Aktivitéit fir eis Kleng ass d’Fleeg vun den Hochbeeter. Eis Butzen kënnen hei hiert eege Uebst a Geméis planzen an de spannende Prozess vum Som bis bei d’Iesswuer materliewen. Si léieren sou ausserdeem d’Wichtegkeet vun enger gesonder an equilibréierter Ernierung. Niewent dem positiven Impakt vun der Natur op hier mental a physesch Gesondheet, entwéckelen d’ Kanner esou hiren Taaschtsënn a hier Feinmotorik.

Animatioun an Entwécklung

Iwwer eis

Eis pedagogesch Approche baséiert op der Interaktioun mat Natur an Déieren. Mir sinn iwwerzeegt, datt dëse wichtege Bestanddeel ass fir d’allgemeng Entwécklung vun de Kanner. D’Virdeeler vun der Natur a Kontakt mat Déieren op der kierperlecher a mentaler Gesondheet konnten an etlechen Studien bewisen ginn.

Zäit dobaussen an engem natierlechen Ëmfeld ze verbréngen fërdert d’kierperlech Aktivitéit bei Kanner. Si kënne lafen, klammen, entdecken a spillen, wat hir motoresch Entwécklung sou wéi Ausdauer fuerdert.

Des Weideren kann d’Interaktioun mat Déieren hëllefen Stress ze reduzéieren, d’Wuelbefannen ze verbesseren an sozial Kompetenzen ze entwéckelen. D’Kanner léiere sech em d’ Déieren ze këmmeren, wat hiert Verantwortungsgefill an Empathieverméigen entwéckelt.

Eis Crèche bitt dëst beräichert Ëmfeld u, wou d’Kanner all Dag d’Virdeeler vun der Natur an dem Kontakt mat Déiere kënne genéissen.

Crèche um Butzenhaff

Eis equipe

julien

gérant

Gudde Moien, ech sinn de Julien, 34 Joer al an Ingenieur vu Beruff.
Als Papp vun zwee klenge Kanner, der Charlotte (2) an dem Maxim (1), hu mir selwer no enger Crèche gesicht, déi net nëmmen eng Betreiungsplaz, mee e richtegt zweet Doheem fir d’Kanner ass. Meng Liewenspartnerin Claire, vu Beruff Léierin, huet mech doropshin motivéiert, eng Crèche no eisen eegene Wäerter an Iddien opzemaachen. Mat mengem Fachwëssen am Bau, dem Claire sengem Know-how an der Edukatioun a mat der Léift vun engem Papp, ass de Butzenhaff entstanen – eng Crèche, wou d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun all Kand am Mëttelpunkt steet. Hei kënne Kanner fräi spillen, entdecken a léieren, enk verbonne mat der Natur an an engem familiäre Kader, dee mir mat Häerz a Leidenschaft opgebaut hunn.Mir freeën eis, Äert Kand bei eis wëllkomm ze heeschen

Émilie

Chargée de direction

Als “Chargé de Direction” suergen ech fir de gudde Fonctionnement vun der Struktur, andeems ech souwuel d’administrativ, den Encadrement vum pedagogeschten Team souwéi d’Wuelbefanne vun de Kanner garantéieren. Meng Roll besteet doran, ee séchert an frëndlecht Ëmfeld fir d’Kanner ze garantéiere an enker Zesummenarbecht mat den Elteren, eng Relatioun,déi am Mëttelpunkt vu mengem Engagement steet.

Mat engem Bachelor an der Psychologie hunn ech 8 Joer als Educatrice geschafft, éier ech d’Roll vun der Direktioun iwwerholl hunn. Dës praktesch Erfahrung huet mir erméiglecht, eng léif a bedierfnisorientéiert pädagogesch Approche ze entwéckelen, déi den Ufuerderunge vun de Klengkanner entsprécht. Als Mamm vun zwee jonke Kanner verstinn ech, wéi wichteg eng qualitativ héichwäerteg Betreiung an eng vertrauensvoll Relatioun tëscht de Familljen an de Fachleit vun der fréier Erzéiung ass. Ech setzen mech dofir an, eng waarm a stimuléierend Dynamik an der Crèche ze fërderen, fir datt all Kand a Rou opwuesse kann an sech an engem passende Kader entwéckele kann.

laura

Éducatrice diplômée

Ech sinn d’Clara, eng jonk Educatrice vun 20 Joer. Frësch diploméiert Educatrice graduée am sozio-edukativem Beräich, sinn ech Bereet d’Team vum Butzenhaff ze vervollstännege! Niewent mengem Bachelor bréngen ech Erfarung um Terrain mat, déi ech bei menger Mamm, selwer Dagesmamm, konnt sammelen. Ech freeë mech Är Kanner kennenzeléieren, se an hirer Entwécklung ze begleeden, a virun allem, mech gutt em si ze këmmeren.

jil

aide-éducatrice

Ech sin d’Jil, aide-éducatrice vun 24 Joër an hei an der Gemeng Wahl opgewues. Den Moment sin ech am congé maternité / parentale, ech frëeen mech awer wann ech rem mat mengem groußen Laachen fir d’Wuelbefannen an d’Freed vun äeren Kanner suergen dierf. Mat menger Erfahrung an der Déierenpädagogik kann ech sie och hei an hierer Entwécklung ennerstëtzen an zesummen profitéieren mir vun der Interaktioun mat der Natur an den Déieren um Butzenhaff.

linsay

Éducatrice diplômée

Ech sinn d’Linsay, 26 Joer al, diploméiert Educatrice zënter 2017 a Mamm vun zwee Jongen. Mat menger Formatioun am Snoezelen an menger berufflecher Erfarung këmmeren ech mech mat Léift a Leidenschaft ëm déi eis Allerklengst vun 0 bis 1 Joer.Ech organiséieren och Snoezelen-Séancen zu verschiddenen Themen, fir datt eis Kleng a Grouss d’Welt vun de Sënner an der Entspanung entdecke kënnen. Ech freeën mech, Äer kleng Butzen vum éichte Laachen bis hin zu den éichte Schrëtt begleeden ze kënnen.

clara

éducatrice diplômée

Ech sinn d’Clara, eng jonk Educatrice vun 20 Joer. Frësch diploméiert Educatrice graduée am sozio-edukativem Beräich, sinn ech Bereet d’Team vum Butzenhaff ze vervollstännege! Niewent mengem Bachelor bréngen ech Erfarung um Terrain mat, déi ech bei menger Mamm, selwer Dagesmamm, konnt sammelen. Ech freeë mech Är Kanner kennenzeléieren, se an hirer Entwécklung ze begleeden, a virun allem, mech gutt em si ze këmmeren.

Mélanie

Éducatrice diplômée

Moien, ech heesche Mélanie, ech sinn 24 Joer al, a sinn rezent mat engem Bachelor als spezialiséiert Educatrice ofgeschloss. Ech hunn schonn e puer Stagen an de Crèchen gemaach, a mäi Ofschlossprojet huet sech mat der Entdeckung vun der Natur an der Ëmwelt an der Crèche beschäftegt. Ech sinn houfreg, Deel vun dëser Equipe ze sinn a mech em Är Kanner këmmeren ze kënnen.

cindy

Aide-éducatrice

Mäi Numm ass Cindy, ech sinn 25 Joer al a sinn diploméierten Aide-Éducatrice. No menger Ausbildung zur Grafikerin, hunn ech schnell gemierkt, datt
d’Betreiung an d’Begleede vu Kanner mir besonnesch um Häerz leien. Doropshin hunn ech mech nei orientéiert a weidergebild. Mat menger Erfarung an desem Beräich sinn ech motivéiert, d’Team vum Butzenhaff ze ennerstëtzen an de Kanner e liewegt, séchert a spillerescht Ëmfeld ze ginn.
Ech perséinlech sinn op engem Bauerenhaff opgewues a konnt do meng Leidenschaft fir d’Natur an d’Déieren entwéckelen. Nieft menger Aarbecht an der Crèche hunn ech och eng Ferme pédagogique opgemaach, wou Kanner d’Méiglechkeet hunn, d’Déieren an d’Natur op eng spilleresch Manéier ze erliewen.

Camille

Éducatrice diplômée

Als diploméiert an leidenschaftlech Edukatrice begleeden ech Äert Kand am Alldag bei senge flott Entdeckungen a senger Entwécklung. Mat Opmierksamkeet fir seng Besoinen a säi Wuelbefannen beméien ech mech, him eng ugepassten Betreiung an en sécheren, frëndleche Kader ze bidden, deen seng Entfalung ënnerstëtzt.

A lass geet ët!

Aschreiwung

fir onvergiesslech Abenteuer!

Opgepasst: d’Aschreiwung iwwer dëse Formulaire ass nëmmen eng Pré-inscriptioun. Mir mellen eis esou séier ewéi méiglech bei iech zréck.


    Eis adress a kontaktdaten

    Adress

    Um Butzenhaff
    13, rue Principale
    L- 8610 Buschrodt

    Kontakt

    contact@umbutzenhaff.lu

    ëffnungszäiten

    Méindes – Freides
    06.30 – 19.00

    Weekends an iwwert d’ Feierdeeg si mir zou!

    Um ButzenHaff