fbpx

Um ButzenHaff

Picture-6

Wëlkomm um Butzenhaff,

Eis crèche zu Bëschrued

fir kanner vu 0-4 Joer

Privatcrèche - Mir schaffen mat Chèques services.

Eis Crèche bitt eng eenzegaarteg Erfahrung

EIS DÉIEREWELT

Eis Crèche bitt en eemolegt Erliefnes, wou d’Kanner sech all Dag ëm d’Déieren vun eisem Butzenhaff këmmeren. Eis Hénger, Zwerggeessen, Kanéngercher an Huesen sinn en integralen Deel vun hirem Alldag, wat hinnen erlaabt eng staark emotional Bindung mat dëse Liewewiesen z’entwéckelen.

AM Gaart

Eng weider spannend Aktivitéit fir eis Kleng ass d’Fleeg vun den Hochbeeter. Eis Butzen kënnen hei hiert eege Uebst a Geméis planzen an de spannende Prozess vum Som bis bei d’Iesswuer materliewen. Si léieren sou ausserdeem d’Wichtegkeet vun enger gesonder an equilibréierter Ernierung. Niewent dem positiven Impakt vun der Natur op hier mental a physesch Gesondheet, entwéckelen d’ Kanner esou hiren Taaschtsënn a hier Feinmotorik.

Animatioun an Entwécklung

Iwwer eis

Eis pedagogesch Approche baséiert op der Interaktioun mat Natur an Déieren. Mir sinn iwwerzeegt, datt dëse wichtege Bestanddeel ass fir d’allgemeng Entwécklung vun de Kanner. D’Virdeeler vun der Natur a Kontakt mat Déieren op der kierperlecher a mentaler Gesondheet konnten an etlechen Studien bewisen ginn.

Zäit dobaussen an engem natierlechen Ëmfeld ze verbréngen fërdert d’kierperlech Aktivitéit bei Kanner. Si kënne lafen, klammen, entdecken a spillen, wat hir motoresch Entwécklung sou wéi Ausdauer fuerdert.

Des Weideren kann d’Interaktioun mat Déieren hëllefen Stress ze reduzéieren, d’Wuelbefannen ze verbesseren an sozial Kompetenzen ze entwéckelen. D’Kanner léiere sech em d’ Déieren ze këmmeren, wat hiert Verantwortungsgefill an Empathieverméigen entwéckelt.

Eis Crèche bitt dëst beräichert Ëmfeld u, wou d’Kanner all Dag d’Virdeeler vun der Natur an dem Kontakt mat Déiere kënne genéissen.

Crèche um Butzenhaff

Eis equipe

  • Emilie, 30

    Chargée de direction

    Eis Chargée vun eiser Directioun mat engem Bachelor an der Psychologie Assistant! 🌟

    Hatt iwwerwaacht d'allgemeng Entwécklung vun de Kanner a garantéiert d'Qualitéit vun eiser pädagogescher Approche, nodeems hatt selwer 8 Joer laang um Terrain aktiv war. 

  • Laura, 23

    Éducatrice diplomée

    Eis diploméiert Educatrice an gläichzäiteg eis pädagogesch Referentin. 👩‍🏫

    Hatt hëlleft mat senger Expertise fir e beräicherend pädagogescht Emfeld um Butzenhaff ze garantéieren, a begleet eis Kleng esou op hirer edukativer Rees. 

  • Jil, 23

    Aide-éducatrice

    Eis engagéiert Aide-éducatrice! 🐿

    Hatt spillt eng wichteg Roll an der Ënnerstëtzung vun der pädagogescher Aarbecht um Butzenhaff, fir d'Wuelbefannen an d'Freed vun de Kanner ze garantéieren. Ausserdeem huet hatt Erfahrung an der Déierepädagogik an ass domatt ee wichtege Bestanddeel vun eisem Konzept.

  • Marisa, 38

    Responsable de l’entretien

    Eis Responsabel fir den Entretien am ganze Gebai! 🫧👩🏻

    Hatt dréit zur Erhalung vun engem propperen a sécheren Ëmfeld am Butzenhaff bäi, fir d'Wuelbefanne vun allen ze garantéieren. D’Marisa huet e gréngen Daum an eng immens Freed eise Butzen eebenfalls d’Gaardenarbecht ze hëllefen. 

A lass geet ët!

Aschreiwung

fir onvergiesslech Abenteuer!

playing-with-toy-animals-PUPS24L.jpg

Opgepasst: d’Aschreiwung iwwer dëse Formulaire ass nëmmen eng Pré-inscriptioun. Mir mellen eis esou séier ewéi méiglech bei iech zréck.


    Eis adress a kontaktdaten

    Adress

    Um Butzenhaff
    13, rue Principale
    L- 8610 Buschrodt

    Kontakt

    contact@umbutzenhaff.lu

    ëffnungszäiten

    Méindes – Freides
    06.30 – 19.00

    Weekends an iwwert d’ Feierdeeg si mir zou!

    Um ButzenHaff